Absolute Beginner Show – Aschreiwungen

Léif Reider,
geschwënn ass et souwäit. An zwou Wochen fënnt eis “Absolute Beginner Show” statt; hei handelt et sech em en “Schnupperturnéier” fir jiddereen; ob all oder jonk an egal mat weiengem Päerd. Hei ass Deng Chance fir ganz a Rou, ouni Stress an Opreegung ze erliewen wei et op engëm Western-Turnéier ass. Freides Mëttes, den Dag virdrun ass schon en klengen Crash Kurs, wou een vun erfuerenen Westernreider ze erfuere gëtt, ob wat een op engëm Western-Turneier virun allëm sollt oppassen.

D’Aschreiwungen an weider Detailer sinn ab elo online:

Regelen & Infos (General Rules and Informations)

Aschreiwungen (Inscrptions)

Wann dir Froen hudd, da scheckt w.e.g. eng E-Mail un qhal@tango.lu

Mir freeën eis Iech do ze gesinn!

Äre WRAL-QHAL-PHAL Comité