Trainingsweekend Team Letzebuerg

May 2nd, 2012
Den 28. an 29 Abrell war Team Letzebuerg op en Trainings Weekend op CASANOVA QH no Italien gefuer.  Stefy, Trainerin vum Team Letzebuerg, hot der ganzer Equipe een Clinic gin fir sech op den Youth World Cup 2012 optimal firzebereeden. Haaptschweierpunkt dei zwee Deeg  waren  Disziplinen Western Horsemanship, Trail,  Western Riding, Reining, Hunt Seat Equitation, Showmanship.  Et Stefy an den Massimiliano ( Max) Guerri hun 4 Pärd fir dese Clinic gesicht. E grousse Merci dem Stefy fir de Stage, der Cansanova QH  ( Besetzer Christina an Guiovanni Cozzo) fir benotzen vun der Anlag, an den Besetzer vun den Pärd: Gianni Fiuppone an d'Pärd YOU QUINCY TOO, Lara Maiocchi an d'Pärd RCD GOLD ATTRACTION, Giovanni Cozzo an d'Pärd DRESS ME ELEGANTLY, an Giovanni Cozzo an d'Pärd PURPLEINTHERAIN. (more...)

Resultater vun der Absolute Beginner Show 2012

April 25th, 2012
Reider aus Letzeburg, Belge, Deitschland an Frankreich hun den Sonndeg den 22. Abrell zu Niederpallen den Saisonoptackt vum Westernreiden hei ze Letzebuerg gehaat. 16 Pärd mat 68 Starts hun an den eenzelnen Disziplinen konkureiert. Enneraanerem Intersessant ass des Turneier och  well de Riichter no all Prüfung e kuerze individuellen Kommentair mescht. E grousse Merci geet un all Reider, Groomen, Zuschauer, Fam. Müller (Besetzer fun der Anlaag) an natierlech un all dei Freiwelleg dei gehollef hun.  Oni desen Assatz vun allen wär esou en Event net meiglech. Nächsten Termin ass den 12-13. Mai an 3-4. Juni zu Noertzeng.   D' Resultater vun der Absolute Beginner Show stinn well och online